
De libanesesche Premier Nawaf Salam huet e Samschdeg matgedeelt, datt franséisch Friddenszaldote vun der UN am Süde vum Libanon ugegraff gi wieren an huet dowéinst eng Enquête ugekënnegt.
“Ech verurteelen am strengste Sënn den Ugrëff op Membere vum franséische Batailloun an der UNIFIL”, huet de Salam erkläert. Hien huet weider vu “strikten Instruktioune fir eng direkt Enquête” geschwat, “fir d’Ëmstänn vun dësem Ugrëff opzedecken an déi Responsabel zur Rechenschaft ze zéien”.
E Spriecher vun der UNIFIL huet der AFP confirméiert, datt et zu engem Tëschefall mat Friddenszaldoten zu Ghandouriyeh am Süde vum Libanon komm ass. Weider Detailer zum Ugrëff oder zu méigleche Blesséierte goufen net genannt.