
Wärend den Andrew fir déi 30 Kummere vun der Royal Lodge just ee symbolesche Loyer bezuelt huet, huet hien déi dräi Haiser op dem groussen Terrain zu Windsor weiderverlount. Dat huet de brittesche Rechnungshaff e Freideg an enger Enquête zu den Immobilie vun de Royals rapportéiert.
"De Revenu aus der Sous-Locatioun ass un den Andrew Mountbatten-Windsor gaangen", huet de Rechnungshaff konstatéiert. "Eis ass net bekannt, wéi vill Loyer gefrot gouf." Déi dräi Cottages stinn zanter Abrëll eidel.
D'Rechnungspréiwer hunn ausserdeem dorops higewisen, datt dem Andrew seng Duechtere Beatrice an Eugenie Appartementer a kinnekleche Palaisen hunn, deenen hire Loyer aus dem private Verméige vum Kinnek Charles III. bezuelt gëtt, an dat, obwuel déi zwou Duechtere keng offiziell Funktiounen am Kinnekshaus hunn.
"Déi kinneklech Famill leet d'Ëffentlechkeet nees komplett eran", esou de brittesche Liberaldemokrat Norman Baker, deen déi royal Finanzen zanter Jore kritesch gesäit. D’Labour-Member am House of Lords, d’Margaret Hodge, huet et als "schockéierend" bezeechent, datt de brittesche Rechnungshaff keng Informatiounen doriwwer huet, wéi vill Suen de fréiere Prënz Andrew duerch d'Sous-Locatioun tatsächlech erakritt huet. D’"Times" huet gemellt, datt ënnert de Locatairen deelweis laangjäreg Mataarbechter vum Andrew waren.
Eng Parlamentskommissioun wëll sech nach dëst Joer mat de Wunn-Arrangementer vum Kinnekshaus beschäftegen.
De Kinnek Charles III. hat sengem Brudder wéinst deem senge Verbindungen zum verstuerwenen US-Sexualstroftäter Jeffrey Epstein schonn am leschten Hierscht all Titelen an Éieren ofgeholl. Zanter Méint gëtt géint den Andrew Mountbatten-Windsor am Kader vum Epstein-Skandal wéinst presuméiertem Amtsmëssbrauch ermëttelt. De mëttlere Jong vun der verstuerwener Kinnigin Elizabeth II. dementéiert all Feelverhalen.
Am Februar gouf de fréiere Prënz kuerzzäiteg festgeholl, wärend d'Royal Lodge duerchsicht gouf. Kuerz virdrun huet den Andrew no 20 Joer aus der luxuriéiser Royal Lodge an dat méi entleeënt Uwiesen Sandringham misse plënneren.
Dem Rapport vum Rechnungshaff no hat den Andrew eng Kéier eng Pacht vun enger Millioun Pond (1,16 Milliounen Euro) bezuelt a sech verflicht, 7,5 Millioune Pond a Renovéierungen ze investéieren, fir am Géigenzuch d'Royal Lodge fir 75 Joer ze pachten. Eng Millioun Pond iwwer 75 Joer erginn ee Loyer vun ëmgerechent ronn 1.100 Pond de Mount. De Vertrag huet virgesinn, datt den Andrew am Fall vun engem virzäitegen Enn vun der Pacht eng Entschiedegung zousteet. Nodeems hien am Februar geplënnert ass, kéint den Ex-Prënz deemno iwwer 300.000 Pond Entschiedegung verlaangen. Dem Crown Estate no, iwwer déi déi kinneklech Immobilie verwalt ginn, wäert den Andrew allerdéngs wéinst néidege Reparaturen näischt kréien.
De Krounprënz William bezillt fir d'Forest Lodge um Terrain vum Schlass Windsor am Verglach ee Joresloyer vun iwwer 300.000 Pond (ronn 25.000 Pond de Mount), wéi et vum Rechnungshaff heescht.