
A Frankräich wiere sech d’Bauere weider géint d’Mercosur-Ofkommes, de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Südamerika. Eng Rei Blockage-Aktioune sinn dëse Méindeg geplangt, ënnert anerem zu Le Havre, dem gréisste Container-Hafen a Frankräich. Weider soll och d’A1 blockéiert ginn, déi meeschte-befueren Autobunn am Land, déi wichteg ass, fir de Passage Richtung Häfe vu Rotterdam an Antwerpen.
Ënnert anerem och an Italien, Polen an Irland gouf déi leescht Deeg géint de Mercosur manifestéiert.