Israeelesche FinanzministerFrankräich verbitt Bezalel Smotrich d'Arees wéinst "inakzeptabelen" Aussoen

RTL mat AFP
De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet annoncéiert, datt de rietsextreme Finanzminister vun Israel wéinst senger Politik net méi a Frankräich dierf areesen.
Irland hat schonn e Freideg decidéiert, datt souwuel de Bezalel Smotrich (riets) wéi och den israeelesche Sécherheetsminister Itamar Ben Gvir wéinst hirem Verhalen an hiren Aussoen net méi dierfen an Irland areesen.
© ABIR SULTAN/AFP

De franséischen Ausseminister huet e Mëttwoch matgedeelt, datt de rietsextremen israeelesche Finanzminister, de Bezalel Smotrich, net méi dierf a Frankräich areesen. D'Regierung reprochéiert dem Smotrich, aktiv fir eng Annexioun vum Westjordanland an e "Rekolonialiséiere" vun der Gazasträif anzestoen.

Weider kruten och véier Cheffe vu Siidlerorganisatiounen an 21 Siidler wéinst Gewalt d'Arees a Frankräich verbueden, esou de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot op der Plattform X. Hien huet weider geschriwwen, déi international Gemeinschaft stéing zu enger Zwee-Staate-Léisung a kéint duerfir esou eng Politik net akzeptéieren.

Irland hat schonn e Freideg annoncéiert, datt souwuel de Bezalel Smotrich wéi och den israeelesche Sécherheetsminister Itamar Ben Gvir wéinst hirem Verhalen an hiren Aussoen net méi dierften an Irland areesen.

De Ben Gvir hat viru Kuerzem fir international Opreegung gesuergt, nodeems hie pro-palästinensesch Aktivisten, déi bei der Hëllefsflottilla fir Gaza vun israeeleschen Zaldote festgehale goufen, viru Kamera lächerlech gemaach hat. Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel hat dëst kritiséiert.

Wéinst der Aktioun dierf och de Ben Gvir zanter dem 23. Mee net méi a Frankräich areesen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO