
Déi 39 Joer al Fra hat e Samschdeg ënner anerem de Pare-brise vun engem Auto wéi och den Handy vun engem Buschauffer beschiedegt an engem onbedeelegte Passant mat der Fauscht op de Kapp geschloen. Dat mellt d'Nürnberger Police e Méindeg. E weidere Mann gouf dann och nach liicht blesséiert, wéi hie vun der Fra geschloen a mam Fouss gerannt gouf.
Och engem Policebeamte wollt d'Fra mat der Fauscht an d'Gesiicht schloen. Wéi si sech op enger Gare ëmmer méi aggressiv géigeniwwer der Police verhalen huet, hunn dës Pefferspray géint si agesat an zu Buedem bruecht. Zwee Polizisten hunn dobäi ënner anerem Krazwonnen dovugedroen. D'Fra koum no hirer Festnam an e Spidol. Géint si gëtt elo ënner anerem wéinst Kierperverletzung, Saachbeschiedegung a wéinst enger Attack op e Policebeamten ermëttelt.