
An Europa kréien d'Fluchpassagéier geschwë méi Rechter. No jorelaangen, ganz zéie Verhandlunge si sech d'EU-Staaten an d'Europaparlament eens ginn. Virop wäerten d'Präisser vun den Tickete méi iwwersiichtlech ginn. Famille kënnen och gratis Plazen nieftenee buchen. Dernieft ginn et nei Reegele bei Prozedure fir Entschiedegungen.
D'Plenière am Europaparlament muss elo nach gréng Luucht ginn.