
De Vulkan Krakatoa, deen tëscht den Inselen Java a Sumatra läit, hat e Samschdeg ugefaangen Lava ze späizen. De Kaméidi war nach 700 Kilometer méi wäit ze héieren, heescht et. Um Sonndeg goufen zwee weider Ausbréch registréiert. 2018 hat dee Vulkan en Tsunami ausgeléist. Méi wéi 400 Mënschen waren an der Flutwell gestuerwen.
Duerch d'Äschewollek, déi de Vulkan ausstéisst, hunn an Tëschenzäit 6 Fluchhäfe mussen zougemaach ginn. Honnerte Flich goufen deementspriechend annuléiert. Betraff sinn ënnert anerem den internationale Fluchhafe Soekarno-Hatta an der Géigend vun der Haaptstad Jakarta, grad ewéi den internationale Fluchhafen Husein Sastranegara.