
De Flávio Bolsonaro, Senator a Jong vum fréiere brasilianesche President Jair Bolsonaro, gouf e Samschdeg zu São Paulo um Parteikongress vu senger rietser "Liberal Partei" offiziell als Presidentschaftskandidat fir d'Walen am Oktober nominéiert. Hien trëtt domat géint den lénken an aktuelle President Lula da Silva un.
"Hei leeft d'Blutt vun engem Bolsonaro", sou de 45 Joer ale Kandidat an huet dobäi op säin Aarm geklappt.
Op dësem Kongress huet och den argentinesche President Javier Milei säi Support fir de Flávio Bolsonaro ausgeschwat. "Ech sinn iwwerzeegt, datt kee méi gëeegent ass, fir mam Risiko vum Lula, deen iwwer Brasilien schwieft, fäerdeg ze ginn", sou de Milei.
De Lula, deen 80 Joer al ass, wëll am Hierscht nach eng Kéier bei de Presidentschaftswale kandidéieren. Hien hat sech 2022 knapp géint den Jair Bolsonaro duerchgesat.
No de Wale waren Ufank 2023 Dausende Bolsonaro-Supporter an d'Regierungsvéierel zu Brasília gestiermt, hunn do d'Parlament, dat iewescht Geriicht an de Presidentepalais attackéiert a verwüüst.
D'Biller hunn deemools staark un de Stuerm op d'Kapitol zu Washington am Joer 2021 erënnert, wou Supporter vum geschloene President Donald Trump fir déidlechen Iwwergrëffer verantwortlech waren. Änlech wéi den Trump nodeems hie géint den Joe Biden verluer hat, huet och den Jair Bolsonaro d'Wal vum Lula ni explizitt unerkannt a reegelméisseg vu Walbedruch geschwat.
Dat iewescht Geriicht vu Brasilien huet den Jair Bolsonaro, dee mëttlerweil 71 Joer al ass, am September d'lescht Joer wéinst engem geplangte Coup d'État zu iwwer 27 Joer Prisong verurteelt. Hie gouf schëlleg gesprach, eng kriminell Organisatioun gefouert ze hunn, fir d'Resultat vun de Walen 2022 ze kippen.
Ufank November ass de Bolsonaro seng Prisongsstrof ugetrueden.