Verdacht op Verstouss géint d'EU-KonkurrenzrechtFerrero deelt mat, d'Zil vun enger Enquête ze sinn

AFP, iwwersat vun RTL
Ferrero gouf zu Alba am Norde vun Italien gegrënnt. De Siège vun de Entreprise ass antëscht awer zu Lëtzebuerg.
De Siège vu Ferrero zu Lëtzebuerg.
© RTL Archivbild

De Liewensmëttel-Konzern Ferrero huet e Mëttwoch annoncéiert, an d’Viséier vun enger europäescher Enquête geroden ze sinn. Et géif ëm de Verdacht vum Verstouss géint d’EU-Konkurrenzrecht goen.

D’EU-Kommissioun huet e Méindeg matgedeelt, dass Enquêteuren d’Geschäftsraim vun engem Schockelasproduzent an zwee Memberlänner duerchsicht hunn.

Et wier een doriwwer informéiert, dass Beamte vun der Europäescher Kommissioun den Ament d’Büroe vun der Entreprise géifen inspizéieren, huet et e Mëttwoch vu Ferrero an enger Stellungnam géigeniwwer der Noriichtenagence AFP geheescht. Et géif ee kooperéieren an déi gefuerdert Informatiounen zur Verfügung stellen.

An hirer Erklärung vun e Méindeg huet d’EU-Kommissioun matgedeelt, dass de Verdacht besteet, dass d’Entreprise géint d’Konkurrenzrecht vun der EU verstouss hätt. Dëst verbitt d’Forméiere vu Karteller, restriktiv Geschäftspraktiken an de Mëssbrauch vun enge dominanter Positioun am Marché. Konkret géif et ëm de Verdacht goen, dass Ferrero et Händler géif erschwéieren, Produiten an anere Memberlänner anzekafen. Och d’Méiglechkeet vun enger illegaler Segmentéierung vum Marché a Form vun enger Aschränkung vum Wuerenaustausch stéing am Raum.

Ferrero gouf zu Alba am Norde vun Italien gegrënnt. De Siège vun de Entreprise ass antëscht awer zu Lëtzebuerg. Zejoert hat d’Entreprise den amerikanesche Konzern “WK Kellog” fir 3,1 Milliarden Dollar kaf.

Back to Top
CIM LOGO