SchwäizZwee Doudeger no uergem Brand an engem Appartementshaus zu Thusis

AFP, iwwersat vun RTL
An der Schwäiz goufen an der Woch bei zwee Bränn an Appartementshaiser 19 Leit blesséiert. No engem vun de Bränn ginn nach Leit vermësst.
Foto vum Brand an engem Appartementshaus zu Thusis an der Schwäiz.
Foto vum Brand an engem Appartementshaus zu Thusis an der Schwäiz.
© Kantonspolizei Graubünden/AFP

An der Stad Thusis an der Schwäiz war an der Nuecht op e Freideg en Haus mat Wunnengen an engem Restaurant duerch e Brand komplett zerstéiert ginn. Aacht Leit goufe beim Brand blesséiert a weider Persoune waren duerno vermësst.

Zu Schaffhausen un der Grenz mat Däitschland goufe bei engem weidere Wunnengsbrand eelef Leit verwonnt.

Zwee Doudeger a weiderhi Vermësster no Brand zu Thusis

Beim uerge Brand an engem Appartementshaus zu Thusis am Schwäizer Kanton Graubünden sinn zwou Persounen dout fonnt ginn. Dat huet d'Police um Samschdeg matgedeelt. D'Identitéit vun den Affer wier nach net gekläert.

De Brand war an der Nuecht op e Freideg an engem Gebai ausgebrach, an deem sech e Restaurant an e puer Wunnenge befannen. Der Police no ginn nach weider Persoune vermësst. Wéi vill Leit gouf net preziséiert. E Freideg war nach vun insgesamt fënnef Vermësste geschwat ginn.

Den Autoritéiten no ass de Restaurant zesumme mat de Wunnenge komplett zerstéiert ginn. Well d'Trapenhaus an de Koup gefall war, hunn d'Rettungsekippen den Daach mat Hëllef vun engem Kran missen opmaachen, fir en Zougang zum Gebai ze kréien.

14 Persoune konnten sech aus dem brennende Gebai a Sécherheet bréngen. Aacht dovu goufe blesséiert, zwee dovunner schwéier.

D'Rettungsekippe waren och e Samschdeg nach op der Plaz. D'Ermëttlungen zur Ursaach vum Brand lafen. Der Police no besteet nach ëmmer de Risiko, datt d'Gebai an de Koup kéint falen, wat d'Rettungsaarbechten erschwéiert.

Feier an Appartementshaus zu Thusis an der Schwäiz
Aacht Leit goufe beim Brand blesséiert, fënnef Leit ginn der Police no nach vermësst.

Brand a Kichen zu Schaffhausen

Zu Schaffhausen un der däitscher Grenz war en Donneschdeg den Owend géint 22:30 Auer e Brand an enger Wunneng ausgebrach. Wéi d'Police matgedeelt huet, stoung d'Wunneng komplett a Brand, wéi d'Secouristen op der Plaz ukoumen. D'Pompjeeë konnte verhënneren, datt d'Feier op weider Appartementer iwwergräift.

Eelef Mënsche goufen zu Schaffhausen beim Brand blesséiert, néng vun hinnen hu missen an d'Spidol. Ënnert de Blesséierten ass och eng Polizistin. Éischten Erkenntnisser no war de Brand an der Kiche vun der betraffener Wunneng ausgebrach. "Déi genee Brandursaach gëtt ermëttelt", esou d'Police nach.

Back to Top
CIM LOGO