
Op d'mannst néng weider Mënsche wiere beim Ugrëff op Charkiw blesséiert ginn, huet de Klymenko e Méindeg op Telegram erkläert. D'Secouriste wiere wärend Läschaarbechten ugegraff ginn. Virdrun hat de Regionalgouverneur vu Charkiw, den Oleh Synehubow, erkläert, bei russesche Rakéitenugrëff wieren zwou Persoune schwéier blesséiert ginn.
Och an aneren Deeler vun der Ukrain gouf et russesch Attacken. An der Haaptstad Kiew huet ee Reporter der Noriichtenagence AFP schro Rakéitenattacke gemellt. Hei si véier Mënschen ëm d'Liewe komm. De Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko, huet op Telegram matgedeelt, datt eng Rei Quartiere vun der Stad getraff gi wieren. De Chef vun der stättescher Militärverwaltung, den Tymur Tkatschenko, huet bei den Ugrëff sechs Blesséierter gemellt.
Méi spéit huet de Klitschko op Telegram matgedeelt, d'"Maria-Entschlafens-Kathedral" am Beräich vum Kiewer Höle-Klouschter wier bei russeschen Ugrëff a Brand geroden. Den Daach vun der Kathedral, déi zum Unesco-Weltkulturierwen gehéiert, géif brennen.
An der ostukrainescher Stad Dnipro gouf eng Persoun blesséiert, wéi den Uféierer vun der regionaler Militärverwaltung Oleksandr Ganscha matgedeelt huet.
D'russesch Autoritéiten hunn iwwerdeems och ukrainesch Ugrëff gemellt. An der Stad Tula, ronn 200 Kilometer südlech vu Moskau, koumen dem russesche Generalgouverneur Dmitri Miljaew no dräi Mënsche bei engem Dronenugrëff aus der Ukrain ëm d'Liewen. Dräi weider Persounen, dorënner ee Kand vun engem Joer, wiere beim Ugrëff op ee Wunngebitt blesséiert ginn.
Moskau a Kiew haten an de leschte Méint géigesäiteg d'Ugrëff verstäerkt. D'Beméiungen ëm een Enn vum Krich, dee schonn zanter iwwer véier Joer undauert, ginn net virun.