Buergermeeschtesch schwätzt vu muttwëlleger AttackExplosioun viru jiddescher Schoul zu Amsterdam

AFP, iwwersat vun RTL
D'Buergermeeschtesch huet d'Attack als feigen Aggressiounsakt verurteelt.
E Policeauto virun der jiddescher Schoul zu Amsterdam.
E Policeauto virun der jiddescher Schoul zu Amsterdam.
© MICHEL VAN BERGEN/AFP

An der Nuecht op e Samschdeg ass et un der Baussemauer vun enger jiddescher Schoul zu Amsterdam zu enger Explosioun komm. Et ass keng Persoun blesséiert ginn, betount d’Amsterdamer Buergermeeschtesch. Et géif een awer vun enger muttwëlleger Attack op déi jiddesch Communautéit ausgoen. D’Police hätt e Video, op deem ee geséich wéi e Mann e Sprengsaz bei der Mauer deposéiert. Et hätt een eng Enquête an d’Weeër geleet. D’Buergermeeschtesch huet vun engem “feigen Akt vun Aggressioun” geschwat.

An de leschten Deeg sinn d’Sécherheetsmesuren viru Jiddeschen Institutiounen a Schoulen verstäerkt ginn, dat nodeems et ëmmer nees zu Attacken op Synagogen an Holland an an der Belsch komm ass.

Back to Top
CIM LOGO