DäitschlandExplosioun bei der Gare zu Augsburg - zwee liicht Blesséierter

AFP
Zu Augsburg a Bayern ass et an der Nuecht op e Mëttwoch an der Géigend vun der Gare zu enger Explosioun komm, woubäi zwou Persoune liicht blesséiert gi sinn. D'Gare war tëschenzäitlech komplett gespaart.
Symbolfoto.
© FELIX KIRBERG/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Explosioun ass an der Nuecht géint 3:15 Auer an der Bahnhofstraße ganz an der Géigend vun der Entrée zu der Gare geschitt, esou ee Spriecher vum Polizeipräsidium Schwaben Nord e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. Ee "bis ewell onbekannte" Géigestand wier explodéiert an hätt bei zwou Persounen, engem 17 an engem 18 Joer ale Mann, ee "Knalltrauma" ausgeléist. D'Fënsteren a Gebaier ronderëm wieren ausserdeem gesprongen.

Däitsche Medien no wier méi spéit ee weidere verdächtege Géigestand an der Gare selwer fonnt ginn. D'"Bild" schreift ausserdeem, d'Explosioun wier duerch eng Handgranat ausgeléist ginn, déi virun engem Bijoutier explodéiert wier. D'Police géif een Zesummenhang mat der organiséierter Kriminalitéit ënnersichen. Wat genee d'Hannergrënn sinn, gouf allerdéngs nach net offiziell matgedeelt.

D'Police war mat enge sëllege Beamten op der Plaz an dee betraffenen Eck war ofgespaart. Ausserdeem war den Zuchverkéier um Gleis 1 beanträchtegt. Kuerz Zäit drop huet et vun der Police geheescht, d'Gare misst komplett gespaart ginn an den Zuchtrafic gouf agestallt. Antëscht konnt d'Police awer Entwarnung ginn an den Zuchtrafic rullt nees.

Back to Top
CIM LOGO