2 Leit liicht blesséiertExplosioun an enger Fabrick fir Freedefeier op Malta

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg gouf et zu Naxxar eng staark Explosioun. D'Explosioun huet den Norde vu Malta gerëselt an eng grouss Dampwollek verursaacht.
© MATTHEW MIRABELLI/AFP

A verschiddene Nopeschuertschaften hunn d'Haiser geziddert.

Lokale Medien no goufen op d'mannst zwou Persoune liicht blesséiert. Et handelt sech ëm zwee Männer, déi op Felder an der Géigend geschafft hunn an duerch Steng getraff goufen. Police a Pompjeeë waren nach op der Plaz, fir no weidere méigleche Blesséierten ze sichen.

D'Explosioun ass een Dag no der Annonce vun de Resultater vun de Parlamentswale geschitt. Op Malta gëtt d'Politik dacks ganz emotional erlieft a Walvictoirë ginn heefeg mat grousse Freedefeier gefeiert. Dofir ginn an de Fabricke grouss Quantitéite Rakéiten a Knupperte produzéiert, déi heiansdo och net ëmmer korrekt gelagert ginn.

An der Vergaangenheet gouf et schonn änlech Accidenter kuerz no Walen. Bei Explosiounen an de Joren 1992 an 2008 waren all Kéiers zwou Persounen ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO