D’Holocaust-Iwwerliewend Eva Schloss ass am Alter vu 96 Joer gestuerwen. Dat huet d’Anne-Frank-Trust-Stëftung de Weekend matgedeelt. An deene leschte Joren huet si a Groussbritannien gelieft a war Éierepresidentin vun der Stëftung, déi sech fir d’Erënnerung un den Holocaust asetzt.
D’Eva Schloss gouf 1929 an Eisträich gebuer an ass méi spéit da mat hirer Famill op Amsterdam geflücht. Do huet si dann d’Anne Frank kennegeléiert a sech mat hir ugefrënnt. Am Joer 1944 ass d’Schloss-Famill, wéi och d’Anne Frank, vun den Nationalsozialisten entdeckt an an d’Konzentratiounslager op Auschwitz bruecht ginn. Wärend d’Anne Frank ufanks 1945 ëmbruecht gouf, konnten d’Eva Schloss an hir Mamm iwwerliewen. Déi huet e puer Joer duerno de Papp vum Anne Frank, den Otto Frank bestuet.