Treffe vun den NATO-VerdeedegungsministerEuropa a Kanada musse méi leeschten, fir déi méi kleng Kontributioun vun den USA ze kompenséieren

RTL mat AFP
En Donneschdeg gesi sech d'Verdeedegungsminister vun den NATO-Staaten.
© JONATHAN RAA/NurPhoto via AFP

D'USA wäerten an Zukunft manner Militär a manner Budget am Kader vun der NATO zur Verfügung stellen. Dat confirméiert den NATO-Generalsekretär Mark Rutte, deen och kritiséiert huet, datt ee sech an der Vergaangenheet ze vill op déi amerikanesch Supermuecht verlooss hätt.

En Donneschdeg wëll een zesumme mat den Verdeedegungsministere vun den NATO-Länner kucken, wéi d'Aarbecht tëscht de Länner opgedeelt kéint ginn an a wéi wäit déi europäesch Alliéiert genee wéi Kanada prett wieren, méi ze leeschten.

De Mark Rutte huet dobäi betount, datt dëst kee Probleem an och keen allgemenge Réckzuch vun den USA wier. Déi nuklear Ofschreckung géifen d'USA dann och weider assuréieren. De Rutte huet kloer gemaach, datt d'USA sech zu der NATO bekannt hunn.

Weidert Thema beim Treffe vun den NATO-Verdeedegungsministere ass dann och d'Situatioun an der Ukrain an d'Defense géint Russland.

Back to Top
CIM LOGO