
Fir de Schutz vun der eegener europäescher Stolindustrie, verschäerft d’EU hir Import-Reegelen. Vertrieder vun de Memberstaaten a vum Europaparlament si sech an der Nuecht op en Dënschdeg eens ginn, dass däitlech manner Stol wéi bis ewell ouni Douanestaxen importéiert däerf ginn. Just nach 18,3 Millioune Tonne pro Joer, oder 47% manner wéi bis ewell.
Alles wat do driwwer erausgeet, gëtt da mat 50% besteiert.
Dat concernéiert virun allem Stol aus China, Indien an aus der Tierkei, dee méi bëlleg ass wéi lokal produzéierten.
Europäesch Produzente géifen ënnert den héijen Energiepräisser, den amerikanesche Stroftaxen an de Käschten, fir op gréng Energie ëmzeklammen, leiden.