Bestellungen aus DrëttstaatenEU schaaft Exemptioun vun Douanestaxen op Päck am Wäert vu bis zu 150 Euro of

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems sech d'EU-Finanzministere schonn am November dorop gëeenegt haten, huet d'EU-Parlament e Mëttwoch eng Reform vun de Reegele fir Douanestaxen op Päck decidéiert.
Grond fir d'Reform ass eng staark Hausse u Päck aus Länner baussent der EU an de leschte Joren.
© Shutterstock / Africa Studio

Deemno mussen an Zukunft Taxen op Päck bezuelt ginn, déi aus Länner baussent der EU kommen an e Gesamtwäert vu bis zu 150 Euro hunn. Zanter Juli ginn als Iwwergangsléisung schonn eng Importtax fälleg, déi vum Contenu ofhänkt an op d'mannst dräi Euro kascht.

Virdru huet een op Päck am Wäert vu manner wéi 150 Euro keng Taxe misse bezuelen. Grond fir d'Reform ass eng staark Hausse u Päck aus Länner baussent der EU an de leschte Joren. 2024 waren et der EU no 4,6 Milliarden, méi wéi 90 Prozent dovu kéimen aus China.

Wéinst der Mass u Päck hat Bréissel d'Iwwergangsléisung agefouert. Vum éischten November u soll eng Beaarbechtungstax dobäikommen, där hir Héicht nach net feststeet. Dës kéint bei zwee Euro pro Pack leien a soll déi zousätzlech Käschte vu klenge Päck bei den Douannen decken.

E groussen Deel vun de Reegele wäerten am Juli 2028 a Kraaft trieden. Da soll déi nei EU-Taxeplattform a Betrib geholl ginn. Donieft wäert eng nei Douane installéiert ginn, déi hire Sëtz am franséische Lille wäert hunn. Dës soll d'Aktivitéite vun den nationalen Autoritéite koordinéieren. Doriwwer eraus sollen d'Virgäng digitaliséiert ginn, woumat Donnéeë méi séier iwwerall zur Verfügung solle sinn.

Back to Top
CIM LOGO