
D'EU-Kommissioun huet e Méindeg Zuchtickete fir Reesen duerch Europa u 40.912 jonk Erwuessener verdeelt. D'Gewënnerinnen a Gewënner kënne mat den Tickete vu Juli 2026 bis September 2027 duerch d'EU reesen, wéi d'Kommissioun e Méindeg matgedeelt huet. D'Tickete ginn un 18 Joer al Teenager, déi tëscht Juli 2007 a Juni 2008 gebuer goufen.
Deel vun der Offer sinn donieft och Reduktioune fir Jugendherbergen, Stroossebunnen a Muséeën. D'EU-Kommissioun verdeelt d'Ticketen zwee Mol pro Joer. Umelle kënne sech jonk Erwuessener aus allen EU-Staaten, sou wéi aus Drëttstaaten, an deenen et eng Kooperatioun mam Austauschprogramm Erasmus+ gëtt. Déi nächst Ausschreiwung fänkt am Hierscht un.