Migratiounskris zu CeutaEU-Digitalkommissärin Virkkunen gëtt groussen Tech-Konzerne wéi Meta an TikTok eng Matschold

Pierre Jans
Vill Migranten, déi vu Marokko aus an déi kleng spuenesch Exklav an Nordafrika gestiermt waren, haten uginn, Videoen an Noriichten op de soziale Reseauen hätten hinne suggeréiert, dass déi fir gewéinlech streng geséchert Grenz op eemol op wär.
© NICOLAS TUCAT/AFP

D'EU-Digitalkommissärin gëtt de groussen Tech-Konzernen eng Matschold un der Migratiounskris zu Ceuta. D'Finnin Henna Virkkunen huet no enger Entrevue mat den Entreprisë Meta an TikTok ugedeit, si hätte méiglecherweis net genuch géint Falschinformatiounen op hire Plattformen ënnerholl.

Vill Migranten, déi vu Marokko aus an déi kleng spuenesch Exklav an Nordafrika gestiermt waren, haten uginn, Videoen an Noriichten op de soziale Reseauen hätten hinne suggeréiert, dass déi fir gewéinlech streng geséchert Grenz op eemol op wär. Domat wär hir Hoffnung gewuess, iwwer Ceuta kéinte si op d'spuenescht Festland an domat an Europa kommen.

D'EU wëll sozial Reseaue méi am Detail ënner d'Lupp huelen, fir esou Risiken an Zukunft z'evitéieren, respektiv fréi ze erkennen. Och d'Firme selwer sollen an d'Responsabilitéit geholl ginn, schreift d'EU-Kommissärin op der Plattform X.

Back to Top
CIM LOGO