EurobarometerEU-Bierger gesi Situatioun am Noen Osten als Erausfuerderung, Logement Haaptthema zu Lëtzebuerg

Cédric Ferry
Am Virfeld vum Europadag huet d'EU-Kommissioun e Freideg déi neisten Editioun vum Eurobarometer verëffentlecht.
© Cédric Ferry

Hei ass et virop de Constat, dass 72 Prozent vun de befrote Biergerinnen a Bierger an der ganzer Europäescher Unioun der Meenung waren, dass hiert d'Land ënnert dem Stréch dovu profitéiert, e Member vun der EU ze sinn. Zu Lëtzebuerg läit den Undeel vun de Persounen, déi dëser Meenung si mat 80 Prozent iwwert dem EU-Duerchschnëtt.

Deem géigeniwwer hunn allerdéngs nëmmen 51 Prozent vun den EU-Bierger uginn, dass si der EU vertrauen. A Lëtzebuerg hu 55 Prozent vun de Leit uginn, dass si dozou tendéieren, der Europäescher Unioun ze vertrauen.

Kuckt ee sech un, wéi eng déi gréissten Erausfuerderunge sinn, mat deenen d'Bierger d'EU konfrontéiert gesinn, stellt ee fest, dass d'Situatioun am Noen Osten an domat verbonnen d'Energieversuergung am Verglach mam leschten Eurobarometer aus dem Oktober zejoert eng däitlech méi wichteg Roll spillt. 25 Prozent vun de Befrote waren der Meenung, dass de Konflikt am Noen Osten déi wichtegst Erausfuerderung ass, mat där d'EU aktuell konfrontéiert ass. Dat ass e Plus vu 16 Prozentpunkte géigeniwwer dem Oktober zejoert.

15 Prozent sinn der Meenung, d'Energieversuergung wier aktuell déi wichtegst Erausfuerderung fir d'EU, dat ass e Plus vu sechs Prozentpunkte géigeniwwer der leschter Editioun. Dogéint schéngt de Krich an der Ukrain fir d'EU-Bierger u Wichtegkeet agebéisst ze hunn. Wärend am Oktober 2025 nach 26 Prozent vun de Befroten dëse Konflikt als de wichtegsten Challenge fir d'EU uginn hunn, waren et bei der aktueller Editioun vum Eurobarometer nach 20 Prozent.

De Logement bleift mat Ofstand géi gréisste Suerg vun de Lëtzebuerger Residenten

Kuckt ee sech d'Äntwerte vun de Lëtzebuerger Residenten un, stellt ee fest, dass d'Leit sech hei am Land besonnesch grouss Suerg ëm d'Liewenskäschten, d'Ekonomie an de Logement maachen. Och d'Migratioun op EU-Niveau schéngt vill Residenten ze beschäftegen.

21 Prozent vun de Lëtzebuerger Residente gesinn d'Präisdeierecht als déi wichtegst Erausfuerderung, mat där d'EU konfrontéiert ass, fir 16 Prozent ass et d'Ekonomie am Allgemengen a fir 17 Prozent ass et d'Immigratioun op europäeschem Niveau. Kuckt ee sech d'Moyenne vun allen EU-Bierger un, gesi 17 Prozent d'Präisdeierecht als wichtegst Erausfuerderung, fir 13 Prozent ass et d'Ekonomie a fir 14 Prozent d'Immigratioun.

Am Kader vum Eurobarometer ginn d'Leit och gefrot, wat déi wichtegst Erausfuerderung fir dat eegent Land ass. Hei gëtt op en Neits däitlech, dass d'Residenten de Logement als den Haaptprobleem gesinn, deen et gëllt, an de Grëff ze kréien. 51 Prozent gesinn dësen als déi gréissten Erausfuerderung op nationalem Niveau. An der EU-Moyenne si grad emol 13 Prozent dëser Meenung.

Bei der Immigratioun sinn iwwerdeems nëmmen 8 Prozent vun de Residenten der Meenung, dass dës zu Lëtzebuerg op nationalem Niveau zu de wichtegsten Erausfuerderungen zielt. An der EU-Moyenne sinn 11 Prozent vun de Leit där Meenung. Deem géigeniwwer mécht sech mat 13 Prozent en, am EU-Verglach, iwwerduerchschnëttlech héijen Undeel vun de Leit zu Lëtzebuerg Suergen iwwer d'Kriminalitéit. An der EU-Moyenne gesinn nëmmen 8 Prozent vun de Leit d'Kriminalitéit als eng vun de gréissten Erausfuerderungen op nationalem Niveau.

Obwuel d'Lëtzebuerger Residenten Themen ewéi Präisdeierecht an Ekonomie als wichteg Erausfuerderungen op EU-Niveau gesinn, bewäerten 92 Prozent vun hinnen déi finanziell Situatioun vun hirem Stot als gutt, dat am Verglach mat 75 Prozent an der EU-Moyenne. 87 Prozent bewäerten dann och déi eege berufflech Situatioun als gutt, an der Moyenne sinn an der Unioun 70 Prozent der Meenung, sech an enger gudder berufflecher Situatioun ze befannen. 23 Prozent vun de Residente ware bei der Ëmfro dann och der Meenung, dass sech hir berufflech Situatioun bannent den nächsten 12 Méint wäert verbesseren. An der EU-Moyenne haten nëmmen 19 Prozent dës Usiicht.

Ofschléissend kann een nach festhalen, dass d'Leit hei am Land d'ekonomesch Zukunft vu Lëtzebuerg méi positiv gesinn, ewéi déi vun der EU am allgemengen. 18 Prozent sinn der Meenung, dass sech déi national ekonomesch Situatioun bannent den nächsten 12 Méint wäert verbesseren. No der europäescher Ekonomie gefrot waren nëmmen 12 Prozent dëser Meenung.

De Resumé vum Resultat vum aktuellen Eurobarometer fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO