
Et kéinten déi gréisst Demonstratioune bis ewell géint den Trump ginn. Mat Bruce Springsteen, Jane Fonda oder Maggie Rogers hunn och Prominenter sech ugemellt. A mam Iran-Krich, Präisser, déi klammen an dem brutale Virgoe vun ICE dierft d’Anti-Trump-Lager och weideren Zoulaf kréien.
Eng 3.000 Demonstratioune si geplangt a Milliounen Demonstrante gi sech erwaart, dat an alle 50 Staaten.
Déi Haapt-Protestaktioun ass zu Minneapolis, wou och de Bruce Springsteen säin ëmgeschriwwent Lidd “Streets of Minneapolis” séngt.