
Kampf-Jetten hätten nees Loft-Ofwier-Positiounen, Kommunikatiounssystemer an Iwwerwaachungsanlagen ugegraff, huet den US-Regional-Kommando confirméiert. Et wieren och Dosenden Tomahawk-Rakéiten an den Asaz komm.
D'Attacken, déi eng Reaktioun op weider Aggressioune vun Teheran solle sinn, wieren fir en Donneschdeg ofgeschloss. Wa bis e Freideg awer keen Deal ënnerschriwwen ass, kéint et weider goen. Dat huet op d'mannst den US-President Trump an engem Interview mat Fox News ugedeit. Mat zimmlech degueulasse Wierder: "Bomb the shit out of them", wann an den nächste Stonne keen Accord zustane kënnt, heescht et hei säitens dem Donald Trump.
Den Iran huet an der Nuecht op en Donneschdeg iwwerdeems wëssen gedoen, dass een d'Strooss vun Hormus nees ganz fir de Schëffstransport gespaart hätt. D'USA widderspriechen awer.
Am Kuwait an am Bahrain gouf et en Donneschdeg de Moien iwwerdeems nees Dronen-Attacken op US-Militär-Basen.