239 Millioune Mënsche weltwäit sinn op humanitär Hëllef ugewisen, aktuell kann ee 87 Milliounen dovunner déi Hëllef ubidden. Et wier net just e finanzielle Problem, seet de Lëtzebuerger Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel:
“Et ass och e politesche Problem mat enger Hausse vu Konflikter. All sechs Méint hu mer en neie Konflikt, deen existéiert. Mir hunn Attacke géint Zivilisten, de Klimawandel ... also esou vill Facteuren, déi maachen, datt vill Leit vun engem Dag op den aneren an enger Noutsituatioun sinn, an där se Hëllef brauchen.”
Zejoert huet Lëtzebuerg 115 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef ausginn, huet donieft awer och an d’Innovatioun investéiert a virun zwee Joer ugefaangen, en humanitäre Stock opzebauen.
“An dee Stock erlaabt et eis, liewenswichteg Saachen ze liwweren, wéi Generatoren, Decken, Kleeder ... am Fong alles ausser Liewensmëttel an och iwwerall an der Welt an nëmmen e puer Deeg. Mir hunn och op sechs Katastrophe reagéiert: am Myanmar, Cap Vert, am Vietnam, Sri Lanka an am Mosambik.”
Den Tom Fletcher, Sécrétaire génréal adjoint fir humanitär Hëllef bei der UNO, huet vun engem staarke Partenariat mat Lëtzebuerg geschwat:
“Lëtzebuerg ass e konsequenten, zouverlässegen an haarde Partner fir eis. Mat Recht erwaart Dir vun eis, datt mer Resultater liwweren.”
A Gaza zum Beispill géif een aktuell ënnert anerem 1,6 Millioune waarm Moolzechte pro Dag verdeelen a Schoulen opmaachen, mee et misst nach vill méi gemaach ginn, mee dofir misste virop all d’Grenziwwergäng mol opgemaach ginn. Genee wéi de Xavier Bettel huet och den Tom Fletcher am Allgemengen d’Wichtegkeet vun der UNO ervirgestrach a betount, datt ee just zesumme méi effikass ka sinn, fir déi sëllegen humanitär Krisen ze meeschteren.