Bannent 12 Méint all Dag méi wéi 1 Milliardär bäikommEsou vill Milliardäre wéi nach ni - Elon Musk bleift un der Spëtzt

AFP, iwwersat vun RTL
An deene leschten 12 Méint huet de Planéit dem "Forbes"-Ranking no all Dag méi wéi ee Milliardär bäikritt. Grond dofir soll de Boom ëm Kënschtlech Intelligenz sinn.
Reich, reicher, am reichsten: Der Boom um Künstliche Intelligenz (KI) hat die Zahl der Milliardäre weltweit auf einen neuen Höchststand getrieben. Unangefochten an der Spitze steht Elon Musk. Reichster Deutscher ist Lidl-Chef Schwarz.
Den Elon Musk bleift och 2026 dee räichste Mann op der Welt.
© AFP/Archiv

Räich, méi räich, am räichsten: De Boom ëm Kënschtlech Intelligenz huet d’Zuel vun de Milliardäre weltwäit op en neien Héchststand gedriwwen, wéi d’US-Magazin “Forbes” en Dënschdeg matgedeelt huet. Un der Spëtzt vun der Lëscht vun de Räichste Leit steet fir déi zweet Kéier hannerteneen den Elon Musk, Chef vu SpaceX an Tesla. Säi geschat Verméige läit bei ronn 839 Milliarden Dollar, also ronn 725 Milliarden Euro.

Déi 40. Editioun vun der Lëscht vun de Räichen ëmfaasst am Ganzen 3.428 Milliardären. Dat si 400 méi wéi nach zejoert an den héchste Stand, zanterdeem d’Lëscht 1987 an d’Liewe geruff gouf.

Et ass d’Joer vun de Milliardäre”, huet de “Forbes"-Redakter Chase Peterson-Withorn. “De Planéit huet an de leschten zwielef Méint méi wéi ee Milliardär den Dag dobäi kritt, well de Boom op der Bourse, deen duerch KI ugedriwwe gëtt, Verméigen op Héichte gedriwwen huet, déi ee sech net hätt kënne virstellen.”

Dovu géing virun allem den Elon Musk profitéieren, dee säi Besëtz bannent engem Joer méi wéi verduebele konnt. De 54 Joer ale Musk huet “Forbes” no méi Verméige wéi déi dräi Superräich no him zesummen: D’Google-Co-Grënner Larry Page (257 Milliarden Dollar) a Sergey Brin (237 Milliarden Dollar) souwéi den Amazon-Chef Jeff Bezos (224 Milliarden Dollar). Op der Plaz Fënnef kënnt de Meta-Chef Mark Zuckerberg mat 222 Milliarden Dollar.

Räichsten Däitsche bleift de Lidl-Chef Dieter Schwarz mat engem geschate Verméige vu gutt 67 Milliarden Dollar. Hien huet sech op Plaz 29 vun der “Forbes"-Lëscht eropgeschafft, nodeems hien 2025 nach op Plaz 37 louch.

Zu de Gewënner gehéiert awer och de President Trump. Säi Verméigen ass am éischte Joer vu senger zweeter Amtszäit ëm 27 Prozent op geschat 6,5 Milliarden Dollar geklommen. Dat, wéi “Forbes” schreift, virun allem wéinst Investissementer a Kryptowärungen. Am weltwäite Verglach steet den Trump op Plaz 645.

Ma Verméigen ass awer net alles, wéi den Elon Musk festgestallt huet: “Wien och ëmmer gesot huet, ‘Geld ka kee Gléck kafen’, wousst wierklech, vu wat e geschwat huet”, huet de Milliardär op senger Internetplattform X mat engem trauregen Emoji geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO