No enger Explosioun an engem Wunnhaus an der Alstad vun Athen hu Rettungsekippen d'Läiche vun enger Koppel Touristen aus den USA gebuergen. Fir d'éischt war e Samschdeg de Moien eng Fra gebuerge ginn, dono nach e Mann. D'Koppel hat zesumme mat enger weiderer Koppel eng Vakanzewunneng am Gebai gelount hat, wéi déi griichesch Noriichtenagence ANA e Samschdeg mellt.
AFP-Reporter hunn e Samschdeg gesinn, wéi Secouriste mat Wäermebildkameraen an engem Bagger no méiglechen Iwwerliewende gesicht hunn. ANA no waren och dräi Sichhënn am Asaz. Den Autoritéiten no ginn nach véier Leit vermësst, dorënner ee Britt an eng Griichin, déi op der zweete Etage gewunnt hunn. Déi zwee aner Vermësst sollen och eng Koppel aus den USA sinn.
D'Explosioun war e Freideg de Moien am Quartier Plaka geschitt, direkt ënnert der berüümter Akropolis. Éischten Ermëttlungen no gouf se duerch eng Gasfuite ausgeléist. D'Gebai ass deels an de Koup gefall, e puer Nopeschhaiser goufe beschiedegt. Zwou Fraen aus Nopeschgebaier goufen an d'Spidol bruecht. Eng weider Persoun gouf duerch Stécker blesséiert.
De Buergermeeschter vun Athen Haris Doukas huet erkläert, datt d'Schied vun der "Katastrof" sech "iwwer déi ganz Strooss souwéi iwwer d'Strooss hannert dem Gebai" géingen zéien. Aktuell géing ënnersicht, ob aner Gebaier ofgerappt musse ginn.
Der Zeitung "Kathimerini" no hunn Awunner d'Verwaltung vun der Stad an d'Gas-Entreprise scho virun engem Joer virun der Gefor vu Gasfuitte gewarnt. D'Awunner hätten donieft eng Brandschutzübung verlaangt.
Den historesche Quartier Plaka, an deem d'Explosioun geschitt ass, ass bei Touristen immens beléift. E läit an der Géigend vun der Hadrianpaart, engem vun de wichtegste Bauwierker aus der réimescher Zäit zu Athen. D'Akropolis, déi direkt iwwer dem Quartier läit, gouf 2025 vu 4,5 Milliounen Touriste visitéiert.