
D'Bomm war den 21. Abrëll bei Bauaarbechten an der Tiergartenstraße zu Prüm fonnt ginn. E Sonndeg de Moien um 8 Auer hunn eng 800 Leit hir Wunnenge musse verloossen, fir sech baussent der Spärzon opzehalen. Och eng Senioreresidenz war betraff. Géint 11 Auer koum dunn d'Entwarnung, dass d'Bomm konnt entschäerft ginn.