
E Mann, dee säin haut néng Joer ale Jong a Frankräich méi wéi ee Joer laang an engem Liwwerwon agespaart hat, ass an Untersuchungshaft komm. Dem 43 Joer ale Mann gëtt schwéier Fräiheetsberaubung a Vernoléissegung vu sengem Kand virgehäit, wéi de Parquet zu Mulhouse e Méindeg matgedeelt huet.
De Fall war e Freideg bekannt ginn an hat fir Entsetze gesuergt. Am Elsässer Duerf Hagenbach war d’Police op e Liwwerwon gestouss, an deem en ënnerernierte Jong plakeg tëscht Dreck an Exkrementer louch. Eng opmierksam Nopesch hat d’Police alarméiert, nodeems si Geräischer aus dem geparkte Won héieren hat.
D’Kand konnt Aussoe vum Parquet no wéinst senger laanger Gefaangenschaft net méi goen a gouf direkt an e Spidol bruecht. Do gëtt et weider behandelt.
Informatioune vun den Enquêteuren no sot de Jong aus, datt säi Papp hien Enn 2024 an de Liwwerwon agespaart hätt. Déi nei Partnerin vu sengem Papp hätt hien “net an der Wunneng wëllen hunn”. Zu deem Zäitpunkt war de Jong siwe Joer al.
De Mann huet Aussoe vun den Enquêteuren no zouginn, datt hie säi Jong zanter November 2024 agespaart hat. No senger eegener Duerstellung hätt de Papp hien esou viru senger neier Partnerin schütze wëllen, déi hien an d’Psychiatrie hätt wëlle bréngen. De Liwwerwon war an engem Haff geparkt, deen zu méi Haiser gehéiert huet.
De Parquet ermëttelt och géint d’Partnerin vum Mann, ënner anerem wéinst net geleeschter Hëllef. D’Fra huet d’Virwërf zeréckgewisen.