
Den Elon Musk huet sech bereet erkläert, eng Geldstrof vun 1,5 Milliarden Dollar un d'US-Bourssenopsiicht (SEC) ze bezuelen. Am Kontext vu senger Twitter-Iwwernam hat hien Aktien am grousse Stil kaf, ouni dëst direkt bekannt ze ginn – dat obwuel d'Gesetz virgesäit, dass esou Investitioune bannent 10 Deeg gemellt musse ginn, wann ee méi wéi 5 Prozent un enger Firma hält.
De Musk huet dës Frist ëm 11 Deeg verpasst.
Duerch dës Verspéidung konnt hie seng Undeeler zu engem méi niddrege Präis kafen, well aner Investisseuren net wossten, wat hannert de Kulisse geschitt. Sou huet hie Berechnunge vun der SEC no ronn 150 Milliounen Dollar gespuert, muss awer just eng vergläichsweis kleng Strof bezuelen – d'Geriicht muss nach zoustëmmen.
D'Klo géint de Musk gouf agereecht, wéi de fréieren US-President Joe Biden nach am Amt war. Zu där Zäit war de Musk ee vun de wichtegste Supporter vum Donald Trump.
De Musk huet probéiert, d'Klo nees ofzeweisen, mee e Bundesriichter hat dat am Februar ofgeleent.
Nieft dësem Fall leeft nach eng weider Geriichtsprozedur géint de Musk a Kalifornien. Eng Jury ass am Mäerz zur Conclusioun komm, dass de Musk d'Twitter-Investisseuren am Joer 2022 duerch falsch Beiträg getäuscht hätt, wéi d'Iwwernam vum Online-Netzwierk ënner chaotesche Konditiounen ofgelaf ass.
Hei kéint de Schuedenersatz bis zu 2 Milliarden US-Dollar ausmaachen. Dem Musk seng Affekoten hunn allerdéngs schonn ugekënnegt, an Appell ze goen.