Regierung huet Katastrophefall ausgeruffOp d'mannst 111 Doudeger bei staarkem Äerdbiewen a Kolumbien

RTL Lëtzebuerg
En uergt Biewe mat enger Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala huet e Méindeg d’Westküst vu Kolumbien getraff.
© JOAQUIN SARMIENTO/AFP

Stand e Méindegowend ass d'Zuel vun den Doudesaffer op 111 geklommen, nodeems als éischt 20 an e puer Stonne méi spéit 69 Doudeger gemellt goufen. Wéi et vum kolumbianesche President Abelardo de la Espriella heescht, wiere 87 Persoune blesséiert ginn. De Staatschef, deen eréischt e Freideg vereedegt gouf, huet de Katastrophefall ausgeruff. Dausenden Haiser wieren zerstéiert oder beschiedegt ginn.

Den Epizenter louch bei San José del Palmar an der Regioun Chocó, ronn 400 Kilometer westlech vu Bogotá, an enger Déift vu ronn 107 Kilometer. D'Biewe war och an de Nopeschlänner Ecuador, Panama a Venezuela ze spieren. Den US-Ausseminister Marco Rubio huet Kolumbien d'Ënnerstëtzung vun den USA ugebueden.

D'Äerdbiewe kommen e puer Wochen no zwee staarke Biewen a Venezuela, bei deenen Honnerte Gebaier zerstéiert goufen a méi wéi 5.000 Mënsche gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO