Europäesch UniounÉisträich schwätz sech géint e séiere Bäitrëtt vun der Ukrain aus

RTL Lëtzebuerg
All d'Länner missten déi nämmlecht Reegelen anhalen, an et misst ee sech de Bäitrëtt duerch Leeschtung verdéngen, sou déi éisträichesch Europaministesch Claudia Bauer.
Déi éisträichesch Europaminister Claudia Bauer
Déi éisträichesch Europaminister Claudia Bauer
© LENIN NOLLY/NurPhoto via AFP

Éisträich huet sech géint e séiere Bäitrëtt vun der Ukrain an d'Europäesch Unioun ausgeschwat. Et hätt een d'Flich d'Fäegkeet vun der EU, fir nei Länner opzehuelen, ganz genee ze préiwen, esou déi éisträichesch Europaministesch Claudia Bauer, der däitscher Zeitung "Welt am Sonntag" géintiwwer.

All d'Bäitrëttskandidaten, also och d'Ukrain, ënnersträicht d'Politikerin, missten déi nämmlecht Reegelen anhalen a sech de Bäitrëtt duerch Leeschtung verdéngen.

Back to Top
CIM LOGO