Prisong vu Forest zu BréisselËffentlech Toure werfen d'Fro vun der Iwwerpopulatioun am Prisongsssystem op

Petz Bartz
Wéi ass et, am Prisong ze liewen? Fir op déi Fro eng Äntwert ze ginn, gëtt et elo zu Bréissel eng Vereenegung, déi sech "9m² - Neuf mètres carrés" nennt an déi pedagogesch Visitten organiséiert.
Prisong vu Forest zu Bréissel
Ëffentlech Toure werfen d’Fro vun der Iwwerpopulatioun am Prisongsssystem op.

D’Regierung an der Belsch beklot eng chronesch Iwwerbevëlkerung vun de Prisongen a versicht elo duerfir op de Wee ze goen, d’Realitéit vum Liewen am Prisong ze weisen.

De Prisong vun der Bréisseler Gemeng Forest ass aus dem Ufank vum viregte Joerhonnert. E gouf ni moderniséiert a war nach bis November 2022, just no der Covid-Pandemie, am Gebrauch. Elo ass e fir Visiteuren op.

Ugangs vum Mount souzen 13.600 Krimineller a Prisongen an der Belsch a Gefaangenschaft. Offiziell huet d’Land awer nëmmen 11.050 Prisongsbetter. Virun engem Mount huet d’Regierung dem Parlament e Gesetz ënnerbreet, fir Verurteelter bis maximal 18 Méint d’office just eng elektronesch Foussfessel ze ginn. D’Iwwerpopulatioun wier anescht net an de Grëff ze kréien. Elo waart een, dass d’Parlament driwwer ofstëmmt.

Elo wou de Prisong vu Forest fir Visitten op ass, wëll d’Vereenegung “9m²" den Debat lancéieren iwwer dat, wat de Staat gedenkt a Prisongen ze erreechen. De Prisong géif am Fong keng Réckfäll verhënneren an eng Resozialiséierung nom Ofsëtze vun enger Strof wier u sech éischter eng Ausnam, wéi d’Regel.

Back to Top
CIM LOGO