E Méindeg de Moie géint 8.30 Auer koum et op der B257 tëscht Iechternach a Bitburg zu engem schroe Verkéiersaccident. Wéi d’Police vu Wittlich eis op Nofro matgedeelt huet, sinn en Auto an e Camion frontal anenee gerannt, nodeems ee vu béiden op d’Géigespuer geroden ass.
De Chauffer vum Auto mat däitscher Plack ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen. De Chauffer vum Camion mat hollännescher Plack gouf liicht bis schwéier verwonnt a koum an d’Spidol.
Béid Gefierer sinn Totalschued. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d’Plaz geruff, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
Beim Camion ass eng gréisser Quantitéit Sprit ausgelaf. Aus deem Grond bleift d’Streck op där Héicht elo och nach bis en Dënschdeg gespaart. Nach bis an den Dënschdeg de Moien era muss de Buedem, an deen d’Stoffer ausgelaf sinn, mam Bagger fortgeholl ginn.