Den Inneministère huet matgedeelt, datt den Ugräifer, deen ëm d’Liewe koum, “Relatiounen zu enger Terrorgrupp” gehat hätt. Der Staatstëlee no gouf et dräi Festnamen. Den tierkesche Staatschef Recep Tayyip Erdogan huet d’Attack verurteelt.
D’Regionalverwatlung huet erkläert, datt “onbekannt Persounen” op Polizisten am Déngscht geschoss hätten. Dës hätten doropshin zréckgeschoss. Och zwee Beamte goufe liicht blesséiert.
Ob d’Attack dat israeelescht Konsulat viséiert huet, war virop net kloer. Wéi d’Noriichtenagence AFP aus Kreesser gewuer gouf, déi mam Fall vertraut sinn, wier am Moment “keen eenzegen israeeleschen Diplomat op tierkeschem Buedem”. Déi diplomatesch israeelesch Vertriedunge wieren “net nëmmen an der Tierkei, mä an der ganzer Regioun aus Sécherheetsgrënn” evakuéiert ginn, nodeems déi islamistesch Palästinenserorganisatioun Hamas de 7. Oktober 2023 Israel ugegraff hat.
Dem Inneminister Mustafa Ciftci no koumen d’Ugräifer mat engem geléinten Auto aus Izmit, si hätte “Relatiounen zu enger Organisatioun, déi d’Regioun instrumentaliséiert”. De Ciftci huet op X confirméiert, datt zwee Poliziste “liicht blesséiert” goufen. Den Inneministère huet vu “Verbindungen zu enger Terrorgrupp” geschwat.
Deemno waren zwee vun den Täter Bridder, ee vun hinne war scho wéinst Doten am Zesummenhang mat Droge virbestrooft. Déi tierkesch Autoritéiten hunn ufanks keng speziell Grupp fir de Virfall responsabel gemaach. A verschidden Artikelen heescht et, d’Dschihadistemiliz Islamesche Staat (IS) kéint fir de Virfall responsabel sinn.
Lokale Medien no haten déi arméiert Täter haten Tarnkleeder a Rucksäck un. Een Aenzeien huet der AFP gesot, de Schosswiessel hätt “eng Zäit” gedauert. Ee Polizist wier zesummegebrach, Leit wiere panesch fortgelaf.
Virum Gebai vun der diplomatescher Vertriedung vun Israel am Geschäftsquartier Levent op der europäescher Säit vun Istanbul ware vill Polizisten am Asaz, wéi AFP-Journaliste gemellt hunn. Um Buedem vun engem Parking an der Géigend ware Bluttspuere fonnt ginn.
Den tierkesche Justizminister Akin Gürlek huet op X erkläert, datt de Parquet vun Istanbul Ermëttlungen ageleet huet. Den tierkesche President Erdogan huet “all Aart vun Terrorismus” de Kampf ugesot. “Mir wäerten net zouloossen, datt (...) Provokatiounen d’Sécherheetsklima vun der Tierkei beanträchtegen”, sot hien an enger Usprooch op der Tëlee.
Den israeeleschen Ausseministère ass vun enger geziilter Attack op d’Konsulat ausgaangen an huet den tierkesche Sécherheetsbeamte fir hire séieren Asaz Merci gesot. Duerch si wier “dëst Attentat verhënnert” ginn. “Israeelesch Vertriedungen op der ganzer Welt ware scho sëllege Menacen an Terrorattentater ausgesat”, sou de Ministère op X. Ma Israel wäert sech vum “Terror” net kleng kréie loossen.
Den US-Ambassadeur an der Tierkei, den Tom Barrack, huet op X geschriwwen, datt d’USA “dat haitegt Attentat op dat israeelescht Konsulat zu Istanbul op dat Schäerfst verurteelen”. Och hie géing déi tierkesch Sécherheetsbeamte fir hir “séier an decisiv Äntwert” wierdegen.
Am Dezember waren zu Yalova südlech vun Istanbul dräi Polizisten a sechs schwéier arméiert Verdächteger ëm d’Liewe komm. Hinne gouf reprochéiert, zum IS ze gehéieren. D’Dschihadistemiliz war an de leschte Joren fir eng Rei gréisser Attentater an Europa responsabel. Bei engem Attentat op eng Disko 2017 zu Istanbul hat en IS-Member 39 Leit erschoss. Déi meescht Affer waren deemools Auslänner.