Ee 75 Joer ale Mann ass en Dënschdeg zu Saint-Mitre-les-Remparts an der Géigend vu Marseille un de Suitte vun den Onwiederen ëm d'Liewe komm, déi zanter e Méindegowend am Süde vu Frankräich amgaange sinn. Hie war vun der staarker Stréimung matgerappt a méi spéit an der Nopeschgemeng Istres dout fonnt ginn. Seng Assistenzpersoun konnt gerett ginn.
Am Departement vun der Haute-Corse ass déi héchst Warnstuf "Vigilance rouge", wéinst dem staarke Reen an den Iwwerschwemmungen, ausgeruff ginn. Autoe goufe vun de grousse Waassermasse matgerappt, ganz Stroossen an Haiser iwwerschwemmt. Déi uerg Wieder-Front war iwwert de Südoste vu Frankräich gezunn an duerno vun der Occitanie a Richtung Provence-Alpe-Côte d'Azur gezunn.
De staarke Reen vum Méindegmoien hat am Nomëtteg awer liicht nogelooss. Nieft der Haute-Corse gëllt just nach fir den Departement Gard d'Warnstuf "Vigilance orange".
