
Sondagen no kënnt de Politiker vun der Gauche op ronn 40% vun de Stëmmen. Haaptkonkurrent ass de 45 Joer ale Flávio Bolsonaro, deen als stramm riets gëllt. Hien ass de Fils vum Ex-President Jair Bolsonaro, deen eng Prisongsstrof am Hausarrest ofsëtzt.
158 Millioune Leit si walberechtegt. A Brasilien ginn nieft dem President och d'Membere vum Kongress an d'Gouverneuren nei bestëmmt.