
E Samschdeg ass engem Grupp vu Fëscher zu Florida eppes Besonnesches an d'Netz gaangen. Op enger Bootstour hu si eng Militär-Dron aus dem Waasser gefëscht.
De Skipper Daniel Arsenault hätt vir d'éischt gemengt en ëmgedréint Boot dreiwen ze gesinn, sot en e Méinden der Noriichtenagence AFP. Well hien e Grupp vu Militär-Helikopterpiloten u Bord hat, konnte si de bizarren Objet awer schnell identifizéieren.
"Mir hu se op den Dock bruecht, Fotoe gemaach, an dann huet sech de Police-Büro em d'Saach gekëmmert” , sot de Daniel Arsenault.
Net wäit vun der Entdeckung befënnt sech e Loftwaffestëtzpunkt vun der Eglin Air Force. E Spriecher vun der Base sot der AFP, eng Lucas-Kampfdron wier bei engem Routine-Test an d'Mier gefall. Entretemps wier se rëm am Besëtz vum Verdeedegungsministère.
De Modell vun der Dron schéngt en FLM 136 ze sinn, dee vum iranesche Modell Shahed 136 kopéiert ass. Déi Zort vun Dronen hunn d'USA schonn am Ukrain- an am Iran-Krich agesat.