Zanter Freideg um NasdaqElon Musk gëtt no Optakt vu SpaceX op der Bourse den éischte Billionär op der Welt

AFP, iwwersat vun RTL
Bis ewell ass nach ni eng Firma op d'Bourse komm, déi am Virfeld esou héich gehandelt gouf.
SpaceX huet e Freideg säin Optakt op der Bourse gefeiert.
SpaceX huet e Freideg säin Optakt op der Bourse gefeiert.
© AFP

Den Tech-Milliardär Elon Musk huet pünktlech zu der Ouverture vun der Bourse vu senger Weltraum-Firma SpaceX eng Mars-Missioun an Aussiicht gestallt. SpaceX wéilt Leit op de Mound bréngen, "op de Mars a letztendlech doriwwer eraus", esou de Musk e Freideg am Haaptsëtz vu SpaceX zu Texas virun applaudéierende Mataarbechter. Säin Zil wier et, "Star Trek Wierklechkeet ginn ze loossen."

Den Aktien-Optakt soll mat Ofstand dee gréissten an der Welt ginn. SpaceX wëll un der Technologie-Bourse Nasdaq op d'mannst 75 Milliarden Dollar (ronn 65 Milliarden Euro) asammelen. Duerch eng Optioun fir Emissiounsbanke fir de Kaf vu bis zu 83 Milliounen zousätzleche Wäertpabeiere kéint de Wäert awer souguer bis op 86 Milliarden Dollar klammen. De bis ewell gréisste Gang un d'Bourse war déi vum saudi-arabesche Pëtrolsris Saudi Aramco Enn 2019, deen der Firma 25,6 Milliarden Dollar abruecht huet.

Bal ee Véierelsjoerhonnert no der Grënnung vu SpaceX am Mäerz 2002 gëtt de Musk domat de weltwäit éischte Billionär, wéi US-Medie mellen. D'Aktie vu SpaceX si just Stonnen nom Bourssen-Optakt schonn ëm iwwer 20 Prozent geklommen. SpaceX huet mat sengen Träger-Rakéite lukrativ Kontrakter mat der Nasa. Zu der Firma gehéiert awer ënnert anerem och d'Satellittennetzwierk Starlink. Wéinst milliardeschwéieren Investitiounen a Kënschtlech Intelligenz huet dem Musk seng Firma an der leschter Zäit allerdéngs rout Zuele geschriwwen.

© afp

Back to Top
CIM LOGO