
D‘Epicon-Initiativ vun der EU an der Candid-Fondatioun mat Sëtz zu Berlin ass net esou pessimistesch. An engem Europäesch-Palestinensesch-Israeleschen trilateralen Dialogformat soll vehiculéiert ginn, dass d‘Beméiunge fir Fridden net fir näischt sinn. Op hirer Tournée duerch all d‘europäesch Memberstaaten huet d‘Initiativ och zu Lëtzebuerg stallgehalen. Friddenvertrieder hu Lëtzebuerger Deputéiert an Organisatioune getraff. An et gouf eng Pressekonferenz.
E fréieren israeeleschen Diplomat, eng palestinensesch evangeelesch Paschtouesch, eng israeelesch Mënscherechtsaktivistin an e palestinenseschen Intellektuelle sëtzen zesummen un engem Dësch.
Et ass net den Ufank vun engem zynesche Witz.
Et ass Realitéit an de Beweis, dass Hoffnung fir eng Léisung vum No-Ost-Konflikt ubruecht ass: Et ginn net nëmmen Extremiste op béide Säiten. Hei sëtze véier Moderater, déi sech fir Kompromësser staark maachen. D‘israeelesch Aktivistin Shaqued Morag. “Et wäert net ganz einfach sinn. Dat wäert säi Präis hunn. D‘israeelesch Säit ass déi méi staark Säit, an dat opzeginn, ass net einfach. Ma d‘israeelesch Säit huet och staark gelidden. De 7. Oktober warscheinlech am meeschten.“
Och bei deenen, déi de Fridde wëllen, hu sech Evenementer agebrannt. Evenementer, déi een der anerer Säit nëmme schwéier verzeie kann. Dat huet ee gespuert. Dofir d‘Fro, wéi dann d‘Stëmmung tëscht deene véier ass.
"(Alle véier laachen) Mir sinn op der selwechter Linn, fir politesch Léisunge fir e Fridden am Noen Osten. Déi zwou Säiten hei sinn zum Beispill fir eng Zwee-Staate-Léisung“, änwert de Ashraf Al-Ajrami.
Déi gebierteg Jerusalemerin Sally Azar widderspriecht dem Kolleeg zwar net, mä si äussert Zweiwelen um Zwee-Staate-Plang wéi en zanter Joren besteet. “E muss nei verhandelt ginn op e puer Niveauen. Mir hunn eng Basis. Mä doru musse mir weider schaffen. Wann et bis elo net geklappt huet, firwat soll et elo?“
Dem Ashraf Al-Ajrami no brauch et eng politesch Decisioun op héijem Niveau en faveur vun der Léisung. D‘Palestinensesch Paschtouesch gouf dunn däitlech, dass et an den Hänn vun den Israeelie läit. “Wann Israel eng Zwee-Staate-Léisung wéilt, da géif et se ginn. Et läit an hirer Hand. Si occupéieren eis!“

Et weist, wéi komplex de Konflikt ass. Souguer als gedanklech Alliéiert, ass ee sech net an allem eens. De fréieren israeeleschen Diplomat Nadav Tamir gëtt dat zou.
“Natierlech hu mir Differenzen. Du kanns net vun engem Palestinenser verlaangen, dass e Zionist ass. Op der anerer Säit verstäerkt mäi Zionismus awer esouguer d‘Recht vun de Palestinenser selwer iwwer hiert Schicksal ze bestëmmen, d‘selwecht ewéi mir Judden et menger Meenung no sollen hunn.“
Zwee Punkten, bei deenen déi véier sech definitiv eens waren: d‘Europäer sollen dem Trump säi Friddensplang ënnerstëtzen, grad fir och dofir ze suergen, dass Mënscherechter agehale ginn. An: wat de Konflikt méi laang dauert, wat den Haass - Islamophobie an Antisemitismus - zouhuele wäert. Och an Europa.