
Eng Waffepaus vun 10 Deeg soll zanter der Nuecht op e Freideg tëscht Israel an dem Libanon gëllen. Dat huet den israeelesche Premier Netanjahu en Donneschdeg den Owend an engem Video-Message confirméiert. Et wéilt ee Gespréicher iwwert e Friddensofkommes mam Libanon eng Chance ginn. Dofir misst d’Hisbollah-Miliz sech awer erginn an opléisen.
Déi libaneesesch Regierung versprécht och konkret Schrëtt géint d’Miliz an aner arméiert Gruppéierungen ze huelen. Eng Kapitulatioun vun der Hisbollah schéngt awer wéineg probabel.
Et gëtt och scho Reprochen, dass déi israeelesch Militär-Aviatioun an der Nuecht op e Freideg weider Loftattacken am Süd-Libanon geflu wär, wéi d’Waffepaus eigentlech schonn ugefaangen hat. Déi proiranesch Hisbollah-Miliz huet dann och scho matgedeelt, dass se als Revanche eng Usammlung vun israeeleschen Zaldoten an der Géigend vun der Stad Chiam am Südlibanon bombardéieren.