
Um zweeten Dag vun hirer Staatsvisitt an den USA sinn de brittesche Kinnek Charles III. an d'Kinnigin Camilla am Wäissen Haus zu Washington empfaange ginn. Bei groem Himmel huet den US-President Donald Trump a senger Ried gemengt, et wier "e schéine britteschen Dag". Zanter hirer Onofhängegkeet viru Joerhonnerte hätten d'Amerikaner keng méi no Frënn gehat wéi d'Britten, sou den Trump, deen hofft, dass déi speziell Relatioun weider sou bestoe wäert bleiwen.
D'Renconter kënnt zu engem Zäitpunkt vun Tensiounen tëscht béide Länner wéinst ënnerschiddlechen Usiichten am Irankrich. De Kinnek Charles, deen am Capitol historesch Lienen tëscht béide Länner wëllt nosichen, huet gemengt, dass d'USA a Groussbritannien et nach ëmmer fäerdeg bruecht hätten, beieneen ze fannen. Schliisslech géif et sech ëm eng vun de gréissten Allianzen an der Geschicht vun der Mënschheet handelen, sou de Monarch.
No der Receptioun goung et fir e privat Gespréich an den Oval Office, wärend d'Kinnigin Camilla an d'First Lady Melania Trump un engem Evenement ronderëm Educatioun a kënschtlech Intelligenz deelgeholl hunn. Virgesinn ass och eng 20 Minutte laang Ried vum Kinnek Charles virum Kongress. Fir den Ofschloss ass am Wäissen Haus e grousse Banquet geplangt.
D'Staatsvisitt fënnt ënnert verstäerkte Sécherheetsmesurë statt, nodeems virun e puer Deeg en arméierte Mann versicht hat, bis bei den US-President duerchzedréngen. Den US-amerikanesche Secret Service an déi brittesch Royalty and Specialist Protection hunn e massiivt Sécherheetskonzept opgefuer. Gréissten Diskussiounspunkt war d'Gewunnecht vun de Britten, no bei de Leit ze sinn. D'Amerikaner wëllen éischter op Distanz setzen.
E Mëttwoch wäerten den Charles an d'Camilla op New York fléien, fir ënnert anerem den 9/11-Memorial ze besichen, éiert si weiderfléien an dat brittescht Iwwerséigebitt Bermuda am atlanteschen Ozean.
