
De Chef vun der iranescher Marinn nennt d’Annonce vum Donald Trump, d’Strooss vun Hormus ze blockéieren, ridicule. Déi iranesch Marinn géif d’US-Arméi an der Regioun genee observéieren, esou den Scharam Irani op der nationaler Tëlee. Den iraneschen Ausseminister mécht d’USA dofir responsabel, dass d’Negociatiounen tëscht den USA an dem Iran de Weekend am Pakistan ouni richteg Resultater op en Enn gaange waren. Kuerz virun der Signatur vun engem Memorandum of Understanding, hätt d’US-Delegatioun déi iranesch mat Maximalfuerderunge virun de Kapp gestouss, behaapt den Abbas Araghtschi op der Plattform X.
Iwwerdeems geet aus engem Artikel aus dem Wall Street Journal ervir, dass den US-President drun denkt, vereenzelt nees militäresch Attacke géint den Iran duerchzeféieren. D’Zeitung berifft sech op Insider. Den Donald Trump sot wärend engem Rendez-vous op enger Militärbase zu Washington, et wär egal, ob den Iran nees verhandele wéilt oder net.
Wéineg iwwerraschend sinn d’Pëtrolspräisser geklommen, nodeems d’Verhandlungen gescheitert waren. E Barrel Brent kascht entretemps 102,50 Dollar. Virun de Gespréicher tëscht de Krichsparteie war de Präis 95,20 Dollar.