Ukrain-KrichD'Ukrain huet méi wéi 600 Dronen op d'Regioun Moskau geschoss

RTL mat AFP
De russeschen Autoritéiten no wier d'Regioun ronderëm d'Haaptstad viséiert gewiescht. Eng Rei Persoune wiere blesséiert an divers Gebaier beschiedegt ginn.
Schonn e Méindeg war d'Regioun ëm Moskau Zil vun ukraineschen Dronen
Schonn e Méindeg war d'Regioun ëm Moskau Zil vun ukraineschen Dronen
© STRINGER/Anadolu via AFP

Déi ukrainesch Arméi huet d'Regioun Moskau an der Nuecht op en Dënschdeg mat méi wéi 600 Dronen ugegraff. Dem Buergermeeschter Sergej Sobjanin no wiere 620 Drone gezielt ginn.

Bei den Attacke wieren dräi Persoune blesséiert ginn, dorënner e Kand vun 10 Joer, sou de Gouverneur Andrej Worobjow. Ënner anerem wieren d'Depote vum Online-Händler Wildberries getraff ginn. 180 Dronen hätt d'Loftofwier iwwert der Haaptstad kënnen ofschéissen, heescht et weider vu Moskau.

D'Ukrain wërft dem Handelsnetz vir, an den Transport an d'Lagerung vu Waffen involvéiert ze sinn. Zanter Wochen hëlt Kiew ëmmer rëm Depoten an aner Gebaier mat Relatiounen zu Wildberries an d'Viséier.

Back to Top
CIM LOGO