
D'Vertrieder vun de Länner hätte beispillsweis beim US-President Trump mat Bléck op den Ukrain-Krich "en neien Toun" gesinn.
D'Participanten hunn d'Kaderofkommes tëschent Washington an Teheran fir en Enn vum Iran-Krich als "Duerchbroch" begréisst. Et géif "eng historesch Chance, den Iran dorun ze hënneren, Atomwaffen ze kréien" bidden, genee wéi och Menacen duerch seng Aktivitéiten an der Regioun a sengem Rakéiteprogramm entgéintzewierken, heescht et. D'G7-Länner fuerderen dann och, datt de Schëffstrafic duerch d'Strooss vun Hormus "onageschränkt an ouni Fraisen" nees opgeholl gëtt. Heifir kéint eng "vu Frankräich an dem Vereenegte Kinnekräich ugefouert" international Marinn-Missioun "eng wichteg Roll" spillen. Dobäi géing et ëm de Schutz fir Handelsschëffer goen an och dorëms z'iwwerpréiwen, datt all d'Minnen am Mier geraumt sinn.
D'G7 hunn hir weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain am Krich géint Russland betount. Mat Bléck op déi militäresch Succèse vun der Ukrain goung Rieds vun enger "neier Dynamik" am Konflikt. Fir dës z'ënnerstëtzen, gouf Kiew "d'Liwwerung vu Loftofwiercapacitéiten" zougesot. Och den US-President Donald Trump huet zougesot, der Ukrain an europäesche Produzenten d'Produktioun vun US-Waffen a Lizenz z'erlaben.
Gläichzäiteg wëllen d'G7-Länner "den Drock op déi russesch Krichswirtschaft" duerch weider Sanktiounen erhéijen. Zil si virun allem russesch Ueleg- a Gas-Exporter, déi eng wichteg Source fir Moskau fir d'Finanzéierung vum Krich sinn. Och an deem Kontext huet den Donald Trump annoncéiert, déi wéinst dem Iran-Krich an de geklommenen Energiepräisser ausgesaten US-Sanktioune géint russesch Uelegexporter "geschwënn" nees a Kraaft wäerten trieden.
D'G7-Staate wëllen dann och hir Ofhängegkeet bei Importer vu Matières premières aus China reduzéieren. D'Zil gouf gesat, bis 2030 beim Import vu Seelenen Äerden an Dauermagnéiten den Undeel vun engem eenzege beliwwerte Staat op "ënner 60 Prozent" ze drécken. "Esou séier wéi méiglech" soll dee Pourcentage dann och op 50% erofgoen.
Ënnert de festgeluechte Punkte war dann och, datt Technologie-Entreprisen d'Protektioun vun de Kanner musse verbesseren. Donieft soll d'Resilienz vun der Weltwirtschaft gestäerkt ginn.