DäitschlandD'Regierung huet Entlaaschtunge wéinst den héije Spritpräisser annoncéiert

Céline Eischen
Déi schwaarz-rout Regierung huet bis spéit an d'Nuecht op e Méindeg iwwer d'Mesuren diskutéiert.
© Domingos Oliveira

Déi däitsch Regierung huet Entlaaschtunge wéinst den héije Spritpräisser annoncéiert: Wéi et vu Berlin heescht, soll d’Steier op Diesel a Bensinn fir zwee Méint erof gesat ginn.

Konkret heescht dat: D’Energiesteier gëtt ëm 17 Cent brutto de Liter reduzéiert. Domat soll sech d’Lag fir d’Automobilisten an och d’Betriber verbesseren, esou den däitsche Bundeskanzler Merz um Méindeg de Moien. Finanzéiert gëtt dat Ganzt duerch eng méi héich Tubaksteier. Déi schwaarz-rout Regierung huet bis spéit an d’Nuecht op e Méindeg iwwer d’Mesuren diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO