Iraneschen AusseministèreD'Recht op Uräicherung vun Uran wier net verhandelbar

AFP, iwwersat vun RTL
Teheran géif sech d'Recht op déi friddlech Notzung vun der Atomenergie net huele loossen.
Den Esmail Baghaei, Spriecher vum iraneschen Ausseministère.
© FATEMEH BAHRAMI/Anadolu via AFP

Dem Iran säi Recht op d’Uräicherung vun Uran géif ausser Fro stoen. Dat huet den Ausseministère zu Teheran e Mëttwoch matgedeelt. Den Niveau, bis op deen een den Uran géif uräicheren, wier awer verhandelbar.

A sengem wëchentleche Pressebriefing huet de Spriecher vum iraneschen Ausseministère, den Esmail Baghaei gesot, dass ee sech d’Recht op déi friddlech Notzung vun der Nuklear-Energie net ënnert dem Drock vum Krich géing huele loossen.

“Wat den Niveau an d’Aart vun der Uräicherung ugeet, hu mir ëmmer scho gesot, dass dat verhandelbar wier. Mir hu betount, dass et dem Iran sollt erlaabt sinn, entspriechend senge Besoinen unzeräicheren”, sou nach de Porte-parole vum Ausseministère.

Back to Top
CIM LOGO