Trotz Kaderofkommes tëscht Iran an USADräi Doudesaffer bei neien israeeleschen Attacken am Libanon

RTL mat AFP
Am Süde vum Libanon sinn et en Donneschdeg op en Neits israeelesch Attacke ginn. Dat nodeems e Mëttwochowend d'Kaderofkommes fir e Fridden am Iran-Konflikt an domat och am Libanon ënnerschriwwe gouf.
Damp no israeeleschen Attacken am Süde vum Libanon den 3. Mäerz 2026.
Israeelesch Attacken am Süde vum Libanon (Archivbild)
© JALAA MAREY/AFP

Dräi Persoune sinn en Donneschdeg bei israeeleschen Attacken am Süde vum Libanon ëm d'Liewe komm, sou heescht et vu staatleche Medien. Dat trotz der Ënnerschrëft fir e Kaderofkommes tëscht dem Iran an den USA, dat en Enn vum Krich op alle Fronte virgesäit, dorënner eigentlech och am Libanon.

Déi national Informatiounsagence Ani huet prezisiéiert, datt eng "feindlech Dron" an der Regioun Kfar Rebnit "en Auto viséiert huet", wou déi israeelesch Forcë virgedronge sinn an zwou Persounen ëmbruecht hunn. Eng weider Dron huet dann e Mann am Nopeschduerf Zebdine déidlech getraff.

Israel huet dogéint en Donneschdeg den Doud vun engem Zaldot bei engem Tëschefall am Süde vum Libanon gemellt, woubäi siwe weider Zaldote blesséiert goufen. Zwar soll d'Intensitéit vun de Gewaltdoten zanter der Annonce vum Accord e Méindeg staark erofgaange sinn, trotzdeem soll et ëmmer nach zu vereenzelte Schosswiessel komm sinn. Dobäi soll et en Dënschdeg nach véier Affer op libaneesescher Säit gi sinn.

Israel huet d'Kaderofkommes, dat e Mëttwochowend à distance tëscht dem US-President an dem iranesche President ënnerschriwwe gouf, bis elo nach net kommentéiert. De Chef vun der Hisbollah Naïm Qassem huet e Mëttwoch dogéint vun enger "grousser Victoire" fir Teheran geschwat an affirméiert, datt säi Grupp d'Recht hätt, sech géint Israel ze verdeedegen.

Zanterdeem de Libanon den 2. Mäerz an de Konflikt tëscht dem Iran an den USA involvéiert gouf, sinn et de libaneeseschen Autoritéiten no iwwer 3.800 Doudeger wéinst israeeleschen Attacke ginn. Op israeelescher Säit gëtt vun 31 doudegen Zaldoten an engem zivillen Doudesaffer geschwat.

Back to Top
CIM LOGO