Lëtzebuerger Rettungshelikopter am Asaz8 Joer aalt Kand bei Kollisioun tëscht Trierweiler a Sirzenich schwéier blesséiert

RTL mat Input Presse
E Méindeg de Mëtteg koum et zu engem Accident op der K6 tëscht Trierweiler a Sirzenich an Däitschland. Nieft den däitsche Rettungsdéngschter war och de Lëtzebuerger Rettungshelikopter am Asaz.

Wéi déi däitsch Police schreift, koum et tëscht dem Industriegebitt Trierweiler a Sirzenich zu enger Frontalkollisioun tëscht zwee Autoen. Am Laf vum Méindeg huet d’Police vun Tréier preziséiert, datt en 33 Joer ale Chauffer vun Trierweiler-Sirzenich a Richtung Trierweiler ënnerwee, wéi hie wuel wéinst der naasser Strooss vun der Fuerbunn ofkoum an an de Géigeverkéier geroden ass, wou hie schlussendlech mat engem Auto kollidéiert ass, deen entgéint koum. An deem Auto souzen eng 45 Joer al Fra an hiert 8 Joer aalt Kand. Duerch den Opprall koum den Auto mat der Mamm a mam Kand dran un d’Schleideren, ass gekippt an op der Säit leie bliwwen. Dat 8 Joer aalt Kand gouf dobäi uerg blesséiert a koum an e Spidol zu Tréier.

Dem däitschen Noriichtesite Input Presse no wier ee vun den zwee Autoen um Bord vun der Strooss un d’Stoe komm, deen anere wier an de Gruef geroden. Op der Plaz hätten Input Presse no dräi blesséiert Persounen aus de Gefierer kënne befreit ginn. Déi Blesséiert wiere vum Noutdokter vum Lëtzebuerger Rettungshelikopter versuergt an an e Spidol bruecht ginn.

U béide Gefierer soll en erhiefleche Schued entstane sinn.

Nieft dem Lëtzebuerger Rettungshelikopter waren och d’Police vun Tréier, d’Pompjeeë vun Trierweiler, Sirzenich, Newel a Welschbillig op der Plaz, souwéi d’Malteser vu Welschbillig an d’Beruffspompjeeë vun Tréier.

Back to Top
CIM LOGO