Cochem (D)Dräi Blesséierter bei Brand an Hotel

RTL Lëtzebuerg
Zu Cochem an Däitschland goufen dräi Leit bei engem Feier an engem Hotel blesséiert. D'Secouriste sinn am Asaz. D'Gäscht hu missen evakuéiert ginn.

An engem Hotel am däitsche Cochem, eng 65 Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz fort, ass e Mëttwoch de Mëtteg e Feier ausgebrach. D’Police huet vun engem Brand vu “gréisserem Ausmooss” geschwat, bei deem dräi Leit duerch den Damp liicht blesséiert goufen. D’Gäscht vum Hotel hu missen evakuéiert ginn.

Wéi d’Police schreift, sinn d’Läschaarbechten nach amgaangen. Aktuell géing den Daach vum Hotel geläscht ginn.

Enger éischter Meldung vun der Police no brennt et am “Moselromantikhotel Weißmühle”. “Den Hotel läit um Bord vun der Stad op engem Wanderwee, dowéinst ass en Iwwergrëff op e weidert Gebai net ze fäerten”, sou d’Police vu Cochem an hirer Meldung.

Wéi et zum Brand koum, ass nach net genee gewosst.

Back to Top
CIM LOGO