Sechs Doudeger an der SchwäizEng Persoun soll Brand a Bus "muttwëlleg" ausgeléist hunn

AFP, iwwersat vun RTL
En Dënschdegowend ass et zu Kerzers am Schwäizer Kanton Freiburg zu engem Feier an engem Bus komm. Op d'mannst sechs Leit koum ëm d'Liewen, fënnef goufe blesséiert, dräi dovu schwéier.

An engem Linnebus an der Schwäiz koum et en Dënschdeg den Owend zu enger déidlecher Brandkatastroph, bei där op d’mannst sechs Persounen ëm d’Liewe koumen. Véier Passagéier an ee Secourist goufe blesséiert, dräi Leit dovu liewensgeféierlech. Wéi d’Police vum Kanton Freiburg matdeelt, hätte si d’Informatioun, datt eng Persoun d’Feier “muttwëlleg” geluecht hätt, aus wéi engem Grond wier awer nach net gewosst. Et géing een “alles doru setzen, de Fall opzeklären”. Ob et en Terrorattentat gewiescht kéint sinn, konnt d’Spriecherin vun der Police awer net confirméieren.

Brand a Bus an der Schwäiz soll "muttwëlleg" ausgeléist gi sinn
En Dënschdeg den Owend si bei engem Busbrand zu Kerzers op d’mannst 6 Leit ëm d’Liewe komm, fënnef gouf blesséiert, dräi dovu liewensgeféierlech.

Wéi d’Police en Dënschdeg den Owend scho matgedeelt hat, hätt de Bus op der Haaptstrooss vun der klenger Stad, déi eng 20 Kilometer westlech vun der Haaptstad Bern läit, Feier gefaangen. D’Feier wier deemno géint 18.25 Auer ausgebrach. Wéi vill Passagéier genee am Bus waren, huet d’Police nach net matgedeelt.

Aenzeien hunn der Zeitung “Blick” no erzielt, datt e Mann Bensinn am Bus ausgeschott a sech selwer a Brand gesat soll hunn. Och d’Police wier doriwwer informéiert ginn, wéi eng Spriecherin confirméiert. Si konnt awer net bestätegen, ob dat wierklech esou geschitt ass.

De Schwäizer Bundespresident Parmelin huet sech “traureg” gewisen, “datt schonn erëm Mënschen an der Schwäiz bei engem uerge Brand ëm d’Liewe koumen”. Hien huet de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat. “An ech denken un déi Blesséiert an d’Rettungsekippen.”

Am urspréngleche Post vun der Police geet vun engem Feier an engem Postauto rieds. Der Noriichtenagence AFP no soll et sech beim Gefier allerdéngs ëm e Bus handelen. “Ntv” schreift an deem Kontext, dass et sech ëm e Linnebus géing handelen, dee vun der Schwäizer “Postauto AG” géing bedriwwe ginn.

Identifikatioun vun Affer kéint daueren

D’Identifikatioun vun de sechs Doudesaffer kéint der Police no e puer Deeg daueren. Déi dozou néideg forensesch Aarbechte wieren amgaangen, sot e Spriecher vun der Kantonspolice Freiburg der Noriichtenagence Keystone-SDA e Mëttwoch de Moien. De Parquet huet eng Enquête lancéiert. D’Wrack vum Bus gouf an der Nuecht op e Mëttwoch gebuergen. No enger ëmfangräicher Spueresécherung ass d’Strooss matten am Duerf e Mëttwoch de Moien nees opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO